Banannegebeess, op Basis vu brongen Banannen

1 kg Banannen (= +/- 5 Banannen)
600 g Cassonade
300 ml Zitrounejus (= +/- 4 Zitrounen)
Jus vun enger gepressten Orange
1 Vanillschote

Zitrounen-, Orangëjus, di ausgekraazt an di a Rondelen geschnidde Banannen an eng Kasserolle maachen, d‘Cassonade dobäi schëdden an alles bei mëttlerer Hëtz 45 Minutten kachen.

Wann een d’Gebeess léiwer reng huet kann ee zum Schluss mam Mixer doduerch fueren.

An Gebeessglieser fëllen an ofkillen loossen.

Dat kann een op der Schmier iessen oder nees kuerz opkachen mat engem Schotz Rumm flambéieren an als Dessert bei eng Vanillsglace zerwéieren.