26/07/2022

Wéi kann een d’Leit iwwert d’Wichtegkeet informéieren, déi natierlech Ressourcen wéi Drénkwaasser, Loft, Buedem a Rohstoffer ze schounen? Si dofir sensibiliséieren, näischt ze verschwenden, och keng Liewensmëttel? Déi Froen hu sech d’Mataarbechter vun de Services Écologiques vun der Gemeng Beetebuerg an der Gemeng Réiser gestallt a sinn op d’Iddi komm, ee Ressourcen-Dag ze organiséieren.

Stattfonnt huet en Ufanks Juli 2022 am Gaart vun der Solawi (Solidaresch Landwirtschaft) um Gréis. „Den Yves Diederich, den Uebst a Geméis um Gréis ubaut, verschenkt z.B. all déi kleng Muerten, déi hien net un d’Membere vu senger Solawi verdeelt. Mir sinn drop ze schwätze komm, dass een aus dem Gréngs vun de Muerte ka Pesto maachen. An där Diskussioun hate mir d’Iddi, fir een Antigaspi-Dag ze organiséieren. Doraus ass dunn de Ressourcen-Dag ginn, well mir och wollten drop hiweisen, dass et wichteg ass, alles dat ze schounen, wat d’Natur eis gëtt“, sou d’Nadine Grein vum Service Écologique vun der Gemeng Beetebuerg.

Wéi kann een Drénkwaasser spueren, Reewaasser notzen an Holz verwäerten? Wat kann ee maachen, fir manner Liewensmëttel ze verschwenden? Dat waren Themen, déi a Workshops an op engem Rallye um Ressourcen-Dag behandelt goufen, zu dem och d’Virféierung vum Documentaire „The Biggest Little Farm“ vum John Chester gehéiert huet.