27/07/2021

Uebst a Geméis, dat net de Normen entsprécht, an Iesswueren, déi no um Mindesthaltbarkeetsdatum sinn, respektiv well driwwer eraus – deene Liewensmëttel bitt on.perfekt eng zweet Chance. Zesumme mat hire Frëndinnen Aline a Fabienne huet d’Julia Gregor 2020 d’Kooperative on.perfekt gegrënnt, mëttlerweil kënne si op 30 fräiwëlleg Mataarbechter zielen.

„Mir ginn de Bauere bei der Recolte hëllefen an am Géigenzuch kréie mir vun hinnen dat Uebst a Geméis, wat si net verkaaft kréien, well et eben ze grouss, ze kleng oder net riicht gewuess ass“, sou d’Julia Gregor. Oder well et Iwwerproduktioun ass, fir déi de Bauer kee Client fënnt. „Wann de Bauer keng Hëllef brauch, da kafe mir him déi aussortéiert Liewensmëttel of. An déi drëtt Méiglechkeet ass, dass mir eng zweet Recolte man. Also dat rafen, wat de Bauer um Feld gelooss huet.“

De Wäert vun de Liewensmëttel

Am Moment maachen néng Baueren, queesch duerch d’Land, bei der Initiative mat souwéi La Grande Épicerie Massen op der Wämperhaardt an de Bäcker Au Croissant d’Or zu Veianen. Ze kafe kritt een dës „gerett“ Liewensmëttel um Pop-Up-Maart, den on.perfekt all Mount samschdes zu Housen bei Majerus-Geimer Constructions am Rez-de-chaussée vum Firmegebai organiséiert. Wéini genau dëse Maart ass, gëtt en op der Facebook-Säit vun on.perfekt an op hirer Internetsäit gewuer. Verkaaft ginn d’Liewensmëttel nom Prinzip: „Gëff wat se dir wäert sinn.“

An den Zäite vum Lockdown huet on.perfekt fäerdeg Liewensmëtteltuten ugebueden, déi ganz gutt ukomm sinn. Dës Offer soll ausgebaut ginn op Liewensmëttelkëschten, ob déi de Client sech abonéiere kann an déi fäerdeg ausgeliwwert ginn. Een Deel vun der finanzieller Ënnerstëtzung, déi on.perfekt vum Landwirtschaftsministère krut, soll heiran investéiert ginn.

Op laang Siicht ass et d’Zil vun der Kooperative, eng Epicerie opzemaachen, an där haaptsächlech aussortéiert Liewensmëttel verkaf ginn. „Mir plangen eng Crowdfunding-Campagne fir den Oktober, fir sou d’Startkapital zesummen ze kréie fir ee Geschäftsraum kënnen ze lounen an eng Persoun anzestellen“, erkläert d’Julia Gregor. Idealerweis soll dëst Geschäft am Norden oder an der Nordstad leien. Fir d’Ariichtung vun dem Buttek sollen och Subside vum Landwirtschaftsministère genotzt ginn.

on.perfekt ass ëmmer op der Sich no Fräiwëllegen, déi mat bei d’Baueren an d’Recolte ginn, an dat an alle Regioune vum Land.