Den neie Saisonkalenner ass do!

Aus ville Grënn ass et sënnvoll, méiglechst regional an saisonal anzekafen. Et schmaacht besser, et kann een onnéideger Ëmweltbelaaschtung duerch laang Transportweeër souwéi iwwerméissegem Waasserverbrauch aus dem Wee goen an domat och eiser Äerd ee Gefalen dinn. Och wann et op éischte Bléck als eng Aschränkung schéngt, gëtt et eis d’Méiglechkeet, d’Villfalt am Wiessel vun de Joreszäiten erëm nei ze entdecken!

Dëse Saisonskalenner mat Geméis, Uebst an Zaloten hëlleft iech, déi passend Liewensmëttel pro Joreszäit ze fannen! Entdeckt de Kalenner op eiser Antigaspi Wanderausstellung, oder luet en hei an der PDF Versioun erof:

Franséich Versioun

Däitsch Versioun