“antigaspi” Themewoch an de Lycéen mat Restopolis vum 5.12-09.12.16 Dezember

Vum 5. bis den 9. Dezember 2016 huet de Service de la restauration scolaire et universitaire Restopolis vum Educatiounsministère ënnert dem Slogan « Manger bien, c’est jeter moins » an all senge Kantinnen a Restauranten eng Themewoch zum Sujet Liewensmëttelverschwendung organiséiert. D’Aktioun ass Deel vun der Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne « Ensemble contre le gaspillage alimentaire » vum Konsumenteschutzministère.

Während der Themewoch sinn d’Schüler, d’Studenten an d’Eltere mat Hëllef vu verschiddenen Aktiounen iwwer de Sujet vun der Liewensmëttelverschwendung sensibiliséiert ginn. Esou gouf ënner anerem eng Brochure verdeelt, an där d’Aktioune vu Restopolis virgestallt gi sinn, mat deenen de Gaspillage vu Liewensmëttel an Zukunft weider verréngert gëtt. An dëser Brochure sinn och praktesch Tippen, wéi een doheem manner Iesswueren muss ewechgeheien.

Während der Themewoch huet Restopolis och eegen AntiGaspi-Menüen (Zoppen, Zaloten, Desserten, asw.) proposéiert. Dës Plate waren mat enger spezieller Etikett « Penses-AntiGaspi, choisis-moi ! » gekennzeechent.

Donieft gouf e Concours mat 20 Froen, déi online konnte beäntwert ginn, ronderëm de Sujet Liewensmëttelverschwendung um Site vu Restopolis lancéiert.

Den Detail zur Themewoch an zu all deene verschiddenen Aktiounen fënnt een ënner www.restopolis.lu.

Depliant antigaspi (PDF)