Pense global, choisis local

Vum 16. bis den 20. Januar 2017 huet Restopolis a sengen 93 schouleschen an universitäre Restauranten ënnert dem Motto « Pense global, choisis local » eng thematesch Woch zum Gebrauch vu lokale Produiten an hire Menüen, organiséiert.D’Zil vun dëser Informatiounscampagne war et, fir d’Clientë vu Restopolis fir lokal Produiten ze sensibiliséieren. Schonn haut stamt ronn een Drëttel vun de Produiten, déi Restopolis verschafft, vu lokale Produzenten. De Choix vun de Platen gëtt dann och der Disponibilitéit vu lokale Produiten ugepasst.

Méi Informatiounen zur Themewoch vu Restopolis fannt Dir an der Brochure ënnert dësem Text oder ënner www.restopolis.lu.