« Eat it, Don’t Waste It » – 45 % vu produzéiertem Uebst a Geméis gin ewechgehäit.

Deeglech ginn Tonnen Liewensmëttel ewechgehäit um Wee vum Produzent op den Teller. Uebst a Geméis sinn am schlëmmsten betraff, wou no Schätzungen vun der FAO 45 % vun der Produktioun verluer ginn, ënner Anerem well se d’Qualitéitsstandards fir den Verkaf net erfëllen.

D’Initiativ « Iss Mich! », gegrënnt an Éisträich vum Tobias Judmaier nom Succès vun senger bekannter Food-Waste Kachshow, ass ee risegen Schrëtt géint d’deeglech Verschwendung vun dësen « Ugly Fruit & Vegetables » (oder « ellent Uebst a Geméis »).

Ënner dem Slogan « Eat it, don’t Waste it » preparéiert an verkeeft dës Organisatioun vegetaresch Platen an nofëllbaren Glieser, an benotzt dobäi exklusiv « ellent » Uebst a Geméis wat normalerweis an der Poubelle gelant wier.

Pro verkaafter Portioun ginn 300 g Uebst a Geméis, souwéi 50 g Plastik gespuert.

Ee Win-Win fir Mënsch an Natur!