Journée mondiale du recyclage: Gëllt dat och fir Liewensmëttel?

Haut, um 15.11.2017, ass journée mondiale du recyclage! 

Déi éischte Kéier gefeiert am Joer 1994 an den USA, geet et haut drëms ze kucken wéi mer eis Offäll op déi beschten Aart a Weis kënnen sënneren, an dann ze recycléieren.

D’Ziel heivun ass et, am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft (économie circulaire) all Material no senger Benotzung rem zeréck an d’Chaîne de Valeur ze integréieren fir bei Produkter hierzestellen, sou dat am Optimalfall keen Offall entsteet an eis Poubellen eidel bleiwen.

Bei Plastik ass eis dat bekannt, Kleeder ginn och ëmmer méi rem agesammelt fir hinnen een zweet Liewen ze ginn.

Mee wéi ass et mat Liewensmëttel? 

Während haut well 75 % vun eisen Haushaltsverpackungen aus recyceltem Material bestinn, kréien Liewensmëttel seelen een 2t Liewen geschenkt, dat op een se lo un Noperen oder Bedierfteger weidergëtt, oder kompostéiert an Energie doraus gewënnt.

Dobäi wier et ganz wichteg, och eis Liewensmëttel ze recycléieren, vu dat all Kilo Liewensmëtteloffall op dem Tipp wéinst anaerobescher Digestioun, an anere Wieder Zersetzung ouni Afloss vun Sauerstoff, Methan produzéieren. Dee Stoff ass bekannt dofir 21 mol méi aggressiv ze sinn wéi CO2, an dréit heimat staark zum Klimawandel bäi.

 

Also komm mir kucken haut besonnesch eng Kéier ronderëm eis, an fannen zesummen eraus wéi mir aus eisen Offäll nach eppes Héichwäerteges kreéieren kënnen, amplaz se einfach op den Tipp ze geheien!

 

Alleguer zesummen géint (Liewensmëttel)offäll!