Anti-Gaspi Expo – Weekend Lëtzebuerger Produkter 2017 zu Miedernach

Och op dem Weekend Lëtzebuerger Produkter 2017 zu Miedernach vum 02 – 03 September war ons « Anti-Gaspi Expo » dobäi, an dat rem mat villen enthusiasteschen Besicher. Ëmginn vun faszinéierenden Produkter aus eisem Land gouf gewisen dat lokal an saisonal akafen net nëmmen méiglech, mee och ee groussen Deel vum Prinzip « Intelligent akafen » ass an domat hëlleft, d’Liewensmëttelverschwendung ze verréngeren.

Weider Infoen zur Ausstellung fannt dir hei http://antigaspi.lu/antigaspi-dausstellung/ .