“antigaspi” Woch mat de Restaurateure vum 28.11- 04.12.16

Zesumme mat de Restaurateure hu mer déi Woch eng breet Sensibilisatioun lassgetrëppelt, an deem déi Restauranten déi matgemaach hunn een “antigaspi” Menu oder Plat du Jour ugebueden hunn. Gläichzäiteg hunn d’Käch sech och bereet erkläert, an hire respektive Gemengen e Workshop mat enger Primärschoulklass ze maachen, fir d’Kanner nees de Respekt virun eisen Iesswueren ze léieren an ze weisen, wat alles Iessbares drun ass .

D’Zil vun dëser Aktioun a Collaboratioun mam Vatelclub, den Eurotoques an der Horesca war fir souwuel d’Restaurateure wéi d’Konsumenten, déi grouss an déi kleng, op d’Problematik vun der Liewensmëttelverschwendung opmierksam ze maachen.

Ganz vill Iesswuere ginn net effizient genuch gebraucht. Dëst ass am Alldag mat Reflexer verbonnen, z. B wat d’Schiele vum Geméis ubelaangt. Villes brauch net geschielt ze gi wann et frësch ass. Gutt wäsche geet an de meeschte Fäll duer. En anere Reflex ass, datt d’Schuelen an d’Gréngs ewechgehäit ginn. Mat dësen Deeler vum Geméis kann een awer excellent Zoppe maachen oder et kann een se dréchnen an als Gewierz brauchen.

De Käch, déi an där Woch matgemaach hunn, waren an hirer Kreativitéit keng Grenze gesat.

Restaurant Ville
Aal Schoul (menu) Hobscheid
An der Kéier (menu) Diekirch
Beet (menu) Luxembourg
Beim Abruzzebier (menu) Grousbous
Beim Baron (menu) Osweiler
Brideler Stuff (menu) Bridel
Cibo’s Bettembourg
Cocottes Beaumont Luxembourg
Cocottes Cloche d’Or Luxembourg
Cocottes Glacis Luxembourg
Comte Godefroy Esch-sur-Sûre
Côté Cour (Château Bourglinster) (menu) Bourglinster-Junglinster
De Stachel (menu) Rumelange
Favaro Esch-sur-Alzette
Gudde Kascht (menu) Haller
Heringer Millen Müllerthal
Hotel Dahm (menu) Erpeldange-sur-Sûre
JS Sushi & Grill Luxembourg
K116 (menu) Esch-sur-Alzette
La Bohême Mersch
La Distillerie (Château Bourglinster) (menu) Bourglinster-Junglinster
La Rameaudière Ellange-Gare (Mondorf)
La Table de Frank (workshop) Steinfort
Le Stübli (Hotel Sofitel) Luxembourg
Oro et Argento (Hotel Sofitel) Luxembourg
Savory Grevenmacher
Traiteur Steffen (workshop) Steinfort
Um Plateau Luxembourg

 

Radiospot Semaine antigaspi

Hei fann Dir eisen aktuelle Radiospot fir « Semaine antigaspi »


 

Temoignage – Radio

Hei fann Dir eng Rei Temoignagen déi an der Woch vun der Semaine Antigaspi um Radio gelaf sinn.

Am Kader vun der AntiGaspi Woch: een Temoignage vum Minister Fernand Etgen ( 25.11.16)

 

Am Kader vun der AntiGaspi Woch: een Temoignage vum Kach an Enseignant Carlo Sauber ( 29.11.16)

 

Am Kader vun der AntiGaspi Woch: een Temoignage vum Geméisbauer Nikki Kirsch (30.11.16)

 

Am Kader vun der AntiGaspi Woch: een Temoignage vum Distributeur René Grosbusch (01.12.16)

 

Am Kader vun der AntiGaspi Woch: een Temoignage vum Expert an der Liewensmëttelsécherheet aus der Santé Patrick Hau (02.12.16)