Liewensmëttel deelen

Foodsharing Luxembourg ass eng Emweltorganisatioun ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.), déi aus fräiwëllege Membere besteet, där hier Visioun et ass, dass all iessbar Liewensmëttel zu Lëtzebuerg konsuméiert ginn. Elleng zu Lëtzebuerg landen all Joer 118 kg pro Persoun an der Dreckskëscht. An dëse Liewensmëttel stiechen allerdéngs wäertvoll Ressourcen, Aarbechtszäiten sou wéi oft wäit Transportweeër a Suen. Andeems mir dës Liewensmëttel retten, wäertschätzen a verwäerten, schaffe mir ee positiven Impakt fir de Klima an d’Gesellschaft a gläichem Mooss.

Wann ee bis gesäit, wéi vill genéissbaart Iessen ewechgehäit gëtt a muss ginn, kann et engem net méi egal sinn. Et war fir mech eng Motivatioun, aktiv dofir ze schaffen, de System, an deem mir liewen, nohalteg ze veränneren. " Michelle Kleyr – Matbegrënnerin vu Foodsharing Luxembourg