Aus engem klassesche Mëllechvéibetrib gouf 2007 e Bio-Héngermaaschtbetrib. 2013 ass dunn Dudel-Magie entstanen – ënnert dësem Numm gi Pouleten an och Bio-Nuddele verkaaft. D’Iddi fir Nuddelen ze produzéieren ass entstanen, fir d’Eeër déi net am Handel kënnen ofgesat ginn well se den Handelsnormen net entspriechen, net mussen ewechzegeheien, mä weider kënnen ze verwäerten! Dudel-Magie gouf 2014 mam Bio-Agrar-Präis an der Kategorie Weiderveraarbechtung vu biologesche Produiten ausgezeechent.
Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.