Kache mat Liewensmëttel, déi „gerett“ goufen

D’Iddi vum BENU Village – dat éischt Ekoduerf zu Lëtzebuerg, méi prezis op der Escher Grenz – ass 2015 entstanen a soll duerch eng konsequent Kreeslafwirtschaft op sozio-ekologeschem Niveau funktionéieren. Professioneller kënnen eng Plaz am Duerf lounen an hir Aktivitéiten am Respekt vun der BENU-Charta, déi op Transparenz, sozial Responsabilitéit, lokal Produktioun an ekologesch Exzellenz setzt, realiséieren.

Am Moment ass de BENU Village nach am Opbau. Geplangt ass awer, datt sech do eng Kleeder-Upcycling-Design-Firma, eng Verkafsplattform fir soziale Konscht-Upcycling an en Antigaspi-Restaurant installéieren. Am éischten Antigaspi-Restaurant zu Lëtzebuerg läit de Fokus op lokalem Bio-Iessen an natierlech och op Antigaspi. Hei soll just mat „rescued food“ gekacht ginn, also mat Liewensmëttel, déi et net bis an de Supermarché gepackt hunn, well se wuel den Normen entspriechen, mee vum Client meeschtens aus ästheetesche Grënn net géife kaaft ginn. De Restaurant wäert op inklusiver Basis funktionéieren. Den Antigaspi-Restaurant, deen nach am Opbau ass, gëtt natierlech just aus recycléierte Materialien opgeriicht.

Mat deene Liewensmëttel, déi all Joer produzéiert ginn, awer weeder vu Mënsch nach Déier konsuméiert ginn, kéint jidder Eenzelen op der Äerd dräi Moolzechten am Dag preparéiert kréien. Donieft geheit all Stot 100 kg Liewensmëttel am Joer ewech. Dat ass e Skandal. De BENU-Restaurant bitt eng Alternativ a preparéiert héichwäertegt Iessen, fir de Leit ze weisen, dass et och anescht geet. " Georges Kieffer – Initiateur vum BENU Village