D’Verfallsdatume richteg interpretéieren

Opgepasst : et gi verschidden Datumsindikatiounen :
« Verbrauche bis… » oder « à consommer jusqu’au… »
Nom Oflaf vum Verbrauchsdatum kann e Liewensmëttel eng onmëttelbar Gefor fir d’Gesondheet duerstellen. Wann dësen Datum ofgelaf ass, soll en de Produit als ongenéissbar ugesinn an och net méi agefruer ginn. Beispiller heizou si frëscht Fleesch a Fësch.
« Mindestens haltbar bis… » oder « à consommer de préférence avant… »
De Mindesthaltbarkeetsdatum ass eng Informatioun vum Hiersteller déi bedeit datt d’Produkt bis zu deem Datum keng oder wéineg Geschmaach- a Qualitéitsverloschter huet. D’Liewensmëttel sinn awer net zwéngend ongenéissbar no Oflaf vun dësem Datum. Beispiller heizou sinn Nuddelen, Kaffi, Räis a.s.w.