Bei der zweeter Editioun vum Opruff fir Projeten 2021 sinn dräi Gewënner ënnert 11 Kandidaturen erausgesicht ginn:

  • „La cantine syrienne du Luxembourg“ vu Foodsharing Luxembourg. Dëst soll déi éischt Kantinne ginn am Land, an där ee fir säi Menü ka souvill bezuelen, wéi ee wëllt. Déi syresch Platen ginn aus recuperéierte Liewensmëttel gekacht.
  • „Gerette Liewensmëttel fair deelen“ vun der Asbl Transition Nord. Liewensmëttel, déi an de Supermarchéen an op den Tankstellen an der Stauséi-Regioun net verkaaft goufen, ginn agesammelt an u Leit verdeelt, déi finanziell net gutt do stinn. Doriwwereraus ginn se och o Leit verdeelt, déi eppes géint d’Verschwendung vun Iesswuere wëllen ënnerhuelen.
  • „Conscious Dinner“ vun Happy Local. Dës Events ginn organiséiert vu Membere vun de Studentevereenegungen zesumme mat de Benevole vun Happy Local. Si gi Liewensmëttel sichen, déi op de Bauerenhäff an am Handel net méi verkaaft kënne ginn, a kachen domat ee Menü, den sech och Leit aus dem Public kënnen zerwéiere loossen.